En Haus
mat enger Geschicht.

D’Paschtoueschhaus vu Moutfert.

D’Geschicht entdecken
Centre Wellenstein no der Restauratioun · Stroossesiicht

D‘Geschicht vum Paschtoueschhaus

Text a Recherchen: Josy Lorent

Gebaut an de Joren 1786-1788 - onmëttelbar no der Zäit vu Maria Theresia vun Habsburg, Keeserin vun Éisträich a Kinnigin vun Ungarn, Herzogin vu Brabant, Limburg, Lëtzebuerg a Gelderen - a finanzéiert vum Paschtouer Joseph-Zacharias Wellenstein (1756-1828), deen aus enger räicher an aflossräicher Famill vun Éinen (Ehnen) ofgestaamt huet.

An dësem imposanten herrschaftlechen Haus en face vun der Kierch hunn noeneen dës aacht Paschtéier vun der Par Moutfert gewunnt: Joseph-Zacharias Wellenstein (1782-1828), Pierre Hermes (1828-1872), Johann Baptist Prost (1873-1900), Hubert Keipes (1900-1913), Johannes Weis (1913-1932), Pierre Koenig (1932-1956), Maurice Beringer (1956-1967) a Roger Schmit (1967-1982). Déi Moutferter Paschtéier vun duerno hunn all an aneren Uertschafte gewunnt.

Gläich am Ufank vun der Amtszäit vum Paschtouer Maurice Beringer, also an de Joren 1956-1957, si bannen a bausse gréisser Ëmännerungen um Paschtoueschhaus virgeholl ginn. Ënner anerem goufen deemools déi héich Mauer virdrun an d’Scheier respektiv d’Ställ un de Giewelen ofgerappt, eng Garage op der lénkser Säit ugebaut an déi al Lannebeem am viischten Haff erausgeholl.

D’Plaz „Ons Jongen” mam Paschtoueschhaus (vum Massim Thoma)
D’Plaz „Ons Jongen” mam Paschtoueschhaus (vum Massim Thoma)© Sapeurs Pompiers Moutfort-Medingen

Am eidele d’Paschtoueschhaus ass de 15. November 1986 eng Gendarmeriestatioun opgemaach ginn. Um éischte Stack gouf d’Wunneng vum Kommandant vun der Gendarmerie ageriicht an um Rez-de-chaussée waren d’Büroen. Dorausser ass no der Fusioun vun der Gendarmerie mat der Police am Joer 2000 e Polizeikommissariat fir den ieweschte Syrdall ginn, dat bis 2019 bestanen huet.

Duerch d‘Trennung vu Kierch a Staat, déi vollstreckt gouf op der Grondlag vun dräi Konventioune mat der kathoulescher Kierch vu Lëtzebuerg vum 26. Januar 2015 iwwert d‘Ofschafung vum konfessionelle Reliounsunterricht an de progressiven Ofbau vun der direkter Finanzéierung vun de Paschtéieschgehälter souwéi duerch d‘Gesetz vum 13. Februar 2018 iwwert d’Verwaltung vun de Gebaier an anere Gidder vum kathoulesche Kultus ass et zu fundamentalen Ännerunge komm. Esou sinn déi als „Fabrique d’église“ bekannte Verbänn vu Kierchegemenge, déi den Napoleon Bonaparte duerch en Dekreet vum 30. Dezember 1809 geschafen hat, opgeléist an duerno an engem Kierchefong ënnert der Kontroll vum Äerzbistum regruppéiert ginn, fir esou d’Verméigensverwaltung ze zentraliséieren an d’Gemengen z’entlaaschten. Am Kader vun der Trennung vu Kierch a Staat, an nodeems an engem Akt vum 8. Januar 2020 virum Notär Pierre Metzler zu Gréiwemaacher festgehale gouf, datt d’Paschtoueschhaus als net kontestéiert Proprietéit ouni Ënnerbriechung wärend méi wéi 30 Joer dem „Presbytère“ - also gewëssermoossen der Por -  gehéiert huet, ass et doropshin an de Besëtz vum „Kierchefong“ iwwergaangen. Duerch en Akt vum 4. Juli 2024 beim Notär Mireille Hames zu Miersch huet d’A.s.b.l. „Oeuvres paroissiales Contern Walburga“ dem Kierchefong d’Paschtoueschhaus ofkaaft. Den 29. Juli 2024 huet de Staat derselwechter „Oeuvres paroissiales“ mat enger Konventioun fir 30 Joer d’Notzungsrecht fir en neien Iwwerbau -allerdéngs ouni Eegentumsrecht op de Grond selwer- fir zwou Parzellen niewendrun an hannendrun zougestanen, déi an de Projet integréiert goufen.

D’A.s.b.l. „Oeuvres paroissiales Contern Walburga“ war och Bauhär fir de groussen Ëm- an Ausbau, duerch dee fir den Edukatiouns-, Kanner- a Jugendministère als Locataire eng Struktur fir e „Centre socio-éducatif“ mam Numm „Centre Wellenstein“ fir Jugendlecher mat Schwieregkeeten entstanen ass. Dofir ass d’Paschtoueschhaus selwer komplett entkäert ginn, d.h. et bloufen nëmmen déi véier baussenzeg Mauere mam Daach drop stoen. D‘Garage op der lénkser Säit an de rietsen Ubau sinn ofgerappt ginn. De Gaart hannendrun ass ganz verschwonnen an duerch eng ënnerierdesch Garage ersat gi mat engem platten Daach, dee mat Gréngs beplanzt gouf. Am Haaptgebai ass d’Administratioun vun der ganzer Struktur, an den zwee neien Niewegebaier lénks a riets si Raimlechkeete fir zwou Gruppe vu Jongen, déi wärend siwen Deeg an der Woch ronderëm d’Auer vun Educateure betreit solle ginn.

D’Paschtoueschhaus virun de groussen Ëmbauaarbechten
D’Paschtoueschhaus virun de groussen Ëmbauaarbechten© Foto: Roby Muller
An de neien Niewegebaier riets a lénks sollen déi Jugendlech a Gruppe ronderëm d’Auer betreit ginn
An de neien Niewegebaier riets a lénks sollen déi Jugendlech a Gruppe ronderëm d’Auer betreit ginn© Foto: Roby Muller
Eng Gesamtvue vum renovéierten an erweiderte Paschtoueschhaus als „Centre Wellenstein“
Eng Gesamtvue vum renovéierten an erweiderte Paschtoueschhaus als „Centre Wellenstein“© Foto: Roby Muller

De Bauhär Joseph-Zacharias Wellenstein a seng Famill

Text a Recherchen: Josy Lorent
De Wope vun der Famill Wellenstein
De Wope vun der Famill Wellenstein© Dr Jean-Claude Loutsch - Armorial du pays de Luxembourg (1974)

Gebaut a finanzéiert gouf d’Paschtoueschhaus vu Moutfert an de Joren 1786-1788 vum Geeschtleche Joseph-Zacharias Wellenstein, deem ouni Zweiwel markanteste Paschtouer an der Geschicht vun deeër schonns am Joer 898 an engem Dokument vun der Abtei Sankt Maximin vun Tréier ernimmter Por Moutfert. Hie war vun 1782 bis 1828, also während 46 Joer, verantwortlech fir dës Por am ieweschte Syrdall, déi zu deenen eelsten am Lëtzebuerger Land gehéiert.

Gebuer ass de Joseph-Zacharias Wellenstein den 2. Juni 1756 zu Éinen als véiert vu sechs Kanner vun der Koppel Jean Nicolas Wellenstein-Appolonia Schausten. Säi Gebuertshaus war ënnen direkt un der Musel déi herrschaftlech Residenz, an deeër vun 1650 un Generatioune vun der Famill Wellenstein gewunnt hunn. Sie war ganz räich an och war sie entscheedend un der wirtschaftlecher a kultureller Entwécklung vun der Muselgéigend bedeelegt. Während Jorhonnerten hu Membere vun dëser Famill wichteg Posten an der Politik respektiv an der Justiz gehat. Mat der Zäit huet sie hier Positioun an hiere Räichtum zousätzlech duerch eng gutt iwwerluechte Bestietnespolitik stänneg vergréissert.

En Hiwäis op d’Bedeitung an op de Stellewäert vun der Famill Wellenstein am gesellschaftleche Liewe vun deemools ass wuel d’Tatsaach, datt sie schons zënter dem 16. Jorhonnert hiren eegene Wopen hat. No der Meenung vun Heraldiker kann dëse Wopen ënner anerem wéinst sengen dräi sëlwer Hallefmounden eng Unerkennung fir d’Verdéngschter vun der déifkathoulescher Famill Wellenstein -sie huet ëmmer nees Paschtéier an Uerdensschwësteren ervirbruecht- an de Kricher géint d’Musulmanen gedeit ginn.

Als Paschtouer vu Moutfert huet de Joseph-Zacharias Wellenstein net nëmmen en neit Paschtoueschhaus baue gelooss, nodeems dat vu virdrun duerch e Feier staark beschiedegt gi war. Hien huet vis-à-vis vum neie Paschtoueschhaus direkt beim Kierfecht och dat éischte Schoulgebai vu Moutfert gebaut, an deem am Ufank ganz op Käschte vum Paschtouer geléiert gouf. 1828 gouf mam Schoulbetrieb opgehalen, wéi d‘Por Moutfert kee Kaploon méi hat. Lénks virum Paschtoueschhaus huet den Här Wellenstein e Kaplounshaus gebaut, dat herno, wéi d’Por Moutfert kee Kaplon méi hat, als Schoulmeeschteschwunneng gedéngt huet an nach haut besteet.

Zimmlech turbulent ass et am éischte Joerzéngt vum Paschtouer Joseph-Zacharias Wellenstein sénger Zäit zu Moutfert zougaangen. Am Summer 1792 sinn déi preisesch Arméi an déi franséisch Migrantentruppen géint Frankräich duerch d’Géigend gezunn, woubäi sie deelweis am Paschtoueschhaus aquartéiert waren, a 1795 ass Lëtzebuerg als „Département des Forêts“ un déi nei Republik Frankräich ginn. Dobäi goufen all kierchlech an herrschaftlech Proprietéite zäséiert an ënnert Sequester gestallt. Well de Joseph-Zacharias Wellenstein als Geeschtleche refuséiert, de republikaneschen Eed op d’Revolutiounsregierung ofzeleeën, huet hien sech zäitweis missten an de Bauerenhäff an der Ëmgéigend respektiv an de Bëscher verstoppen. Soss wär hien op d’Île de Ré un der franséischer Atlantikküst bei La Rochelle deportéiert ginn, wou am Vauban senger „Citadelle de Saint-Martin“ während der Franséischer Revolutioun eng 1000 Paschtéier festgehale goufen, déi net op d’Republik geschwuer hunn. Der Iwwerliwwerung no, déi mir och nach an der Primärschoul am Heimatkundeunterricht erzielt kruten, sollen d‘Awunner de franséischen Zaldoten, wann dës nom Openthalt vum Paschtoer Wellenstein gefrot a gesicht hunn, zur Äntwert ginn hunn, dëse wär op der Insel Ré. A Wierklechkeet wär domatter allerdéngs eng kleng Insel an der Mëtt vun engem Bëschmouer am „Bierk“ gemengt gewiescht, op deeër de Paschtouer sech zäitweileg verstoppt gehat hätt an déi de fiktiven Numm Ré als Uspillung op déi richteg Insel am Département Charente-Maritime krut, wou déi widderspensteg a „republikfeindlech“ Paschtéier am Prisong souzen.

Net zulescht duerch d’Relatioune vu senger Famill an opgrond vu enger Demande mat Hiwäis op Bestëmmunge vum Konkordat konnt de Joseph-Zacharias Wellenstein 1801 nees offiziell op seng Plaz als Paschtouer zu Moutfert zréckkommen. Och gouf eng Léisung fir d‘Restitutioun vun de beschlagnahmte Proprietéite fonnt.

De Joseph-Zacharias Wellenstein ass den 8. Mäerz 1828 am Paschtoueschhaus zu Moutfert gestuerwen. Hien huet seng lescht Rou ënnert der Sakristei vun de Porkierch fonnt. En Epitaph (Grafsteen) erënnert un d’Wierke vun dësem aussergewéinleche Geeschtlechen, deen der Kierchefabrik vu Moutfert testamentaresch säi grousst Eegentum vermaacht huet, an zwar d’Paschtoueschhaus, d’Kaplonshaus, déi al Schoul a ronn aacht Hektar Lännereien.

Nodeems den Alfred Wellenstein 1896 als leschte männleche Spross vun der Éiner Familljebranche gestuerwe war, ass de Besëtz un d’Famill Servais gaangen. 1916 ass den Notär Ernest Würth vu Wuermer neie Proprietär ginn, éier de Staat 1974 alles opkaft huet. Momentan gëtt d‘Wäinhaus, wéi et am Volleksmond genannt gëtt, als „Centre mosellan touristique et viticole“ ëm- an ausgebaut.

Illuster Gäscht am Paschtoueschhaus

Text a Recherchen: Josy Lorent

Am Laf vu senger Geschicht vu ronn 240 Joer huet d’Paschtoueschhaus vu Moutfert eng Rei vun illustere Gäscht kannt, déi méi oder manner mat der europäescher Geschicht ze dongen haten.

Héije Besuch hat d’Paschtoueschhaus schonns ganz fréi am Joer 1792, nodeems am Zesummenhank mat der Franséischer Revolutioun Frankräich Éisträich an de Preisen de Krich erklärt haten. Wéi déi preisesch Arméi, mat dem Johann Wolfgang von Goethe als eng Zort „Kriegsberichterstatter“, an d’Campagne géint Frankäich gezunn ass, hat de Kinnek Friedrich Wilhelm II. säi Quartéier am Moutferter Paschtoueschhaus an duerno an engem Feldlager no beim Pläitrenger Haff, wou den Herzog vu Braunschweig gelieft huet. Et ass méi wéi wahrscheinlech, datt de Goethe och beim preisesche Kinnek am Paschtoueschhaus passéiert ass. Net esou kloer ass, ob eventuell och dee bekannte preisesche Generalfeldmarschall Gebhard Leberecht von Blücher, deen 1815 duerch seng Victoire iwwert den Napoleon an der Schluecht vu Waterloo berühmt ginn ass, eventuell och kuerz zu Moutfert am Paschtoueschhaus respektiv am Feldlager beim Pläitrenger Haff war.

Nodeems déi amerikanesch Arméi den 10. September 1944 d’Stad Lëtzebuerg liberéiert hat an duerch de Museldall weider géint Nazidäitschland virgeréckt ass, gouf d’Paschtoueschhaus vu Moutfert zum Haaptquartéier fir déi sougenannten „Task Force Reed“ vun der 1836 gegrënnter„2nd Cavalry Group (Mechanized)“. Dës Kavallerie-Enheet vun der US Army war am Juli 1944 als Deel vum Generol Patton sénger Drëtter Arméi an der Normandie gelant war. Hire Kommandant war de Colonel Charles H. Reed (1901-1980).

Am Zesummenhank mam Colonel Reed sief desen interessanten Detail ernimmt, dee weist, wéi kleng am Fong eis Welt ass. E puer Méint no senger Moutferter Zäit huet hien nämlech am Optrag vum Generol George S. Patton, a Südosteuropa eng Missioun ausgefouert, déi laang Joeren zu Lëtzebuerg net esou bekannt war, awer eng historesch Bedeitung huet. Et goung dobäi ëm déi weltbekannte wäiss Lipizzanerhengschte vun der „Spanische Hofreitschule Wien“. Dës goufe vum 16. Jorhonnert un vun den Habsburger um éisträichesche Keesertroun geziicht a sinn nach haut eent vun de kulturelle Paradestécker vun der Alpenrepublik. No dem „Anschluss“ vun Éisträich am Mäerz 1938 un dat Grousstdäitsch Räich goufen de Lipizzaner-Harras zu Piber (Steiermark) dem Landwirtschaftsministère zu Berlin ënnerstallt an d’Spuenesch Hofreitschule zu Wien dem Oberkommando vun der Wehrmacht. 1942 sinn all Lipizzaner vu Piber an och d’Päerd vun allen aneren Ziichtereien aus dem deemolege Muechtberäich vun den Naziën an déi kleng böhmesch Uertschaft Hostau (Hostoûn) verluegt ginn. D’Hofreitschule selwer ass aus politesche Grënn eréischt am Fréijoer 1945 wéinst de Bommenattacken op Wien evakuéiert ginn.

Den 28. Abrëll 1945 hunn d'amerikanesch Truppen Hostau an der Tschechoslowakei erreecht. Gläich duerno ass et um Enn vum Zweete Weltkrich zu enger spektakulärer Missioun komm, déi vun der „2nd Cavalry Group“ ausgefouert gouf. Hiren Optrag hat eigentlech doranner bestanen, fir dës Stad anzehuelen an Krichsgefaangene vun den Alliéierten (POWs) ze befreien. Dem Colonel Reed seng Zaldoten hunn Honnerte vu Prisonnéier virfonnt, awer och e puer Honnert Päerd, ënnert hinnen déi berühmte Lipizzaner-Hengschten. Wéi de Generol Patton gewuer ginn ass, datt dës Päerd ënnert d’Kontroll vun de sowjeteschen Truppe gerode sollten, huet hien sech perséinlech fir d‘Rettung vun de Rassendéieren staark gemat. Souwuel den Direkter vum Gestüt Hostau, den Oberstleutant Hubert Rudofsky, wéi och aner däitsch Offizéier haten an deem Sënn och heemlech Kontakt mat dem amerikanesche Kommando opgeholl. D'Rettungsaktioun, bekannt ënnert dem Numm „Operation Cowboy", gouf Enn Abrëll 1945 gestart. De Colonel Charles H. Reed war verantwortlech fir dës Missioun, bei deer et drëm gaangen ass, fir de groussen Trapp vun éisträichesche Rassepäerd aus Tschechien hannert déi amerikanesch Linn op Schwarzenberg a Bayern ze bréngen. E puer Deg duerno hunn d‘Amerikaner déi 215 Päerd un de Majouer Alois Podhajsky iwwerginn, deen Direkter vun der Hofreitschule war. Am Verlaf vun enger memorabeler Virféierung huet dësen d’Lipizzaner ënnert d’Protektioun vun der amerikanescher Arméi gestallt an domatter d’Weiderbestoe vun enger traditiounsräicher Reitinstitutioun ofgeséchert. Iwwregens huet de Walt Disney 1963 iwwert dës aussergewéinlech Aktioun de Film „Miracle of the White Stallions“ (D’Wonner vun de wäissen Hengschten) produzéiert.

Fir dem Generol Patton seng Rettungsinitiativ ze verstoen, muss ee wëssen, datt hien e grousse Päerdsfrënn war, an hien 1912 bei den Olympesche Spiller zu Stockholm als Reider mat der amerikanescher Equipe am moderne Fünfkampf un de Start gaangen ass.

Wéi am Joer 2002 d’Spuenesch Hofreitschule Wien fir den Optakt vun enger Europatournée fir d’alleréischte Kéier an hirer Geschicht zu Lëtzebuerg opgetratt ass, war et fir den Auteur vun dësem Bäitrag nëmmen normal, fir den deemoolegen éisträichesche Botschafter, Dr. Christian Strohal, drop hinzeweisen, dass de Retter vun de Lipizzaner nëmmen e puer Kilometer Loftlinn vun der „Coque“ um Kierchbierg ewech seng leschte Rou fonnt huet . Doropshin huet de 14. November 2002 eng Delegatioun vun der Hofreitschule, deelweis a Reideruniform, zesumme mam éisträichesche Botschafter um amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm um Graf vum Generol George S. Patton als posthume Merci e Kranz niddergeluet. An dëse Geste war sécher och de Colonel Reed ageschloss, deen e puer Joerzéngte virdrun net wäit vun dëser Gedenkplaaz ewech säin Headquarter zu Moutfert am Paschtoueschhaus hat.

Eng Persoun, déi ganz prominent ginn ass a während dem Zweete Weltkrich ouni Zweiwel beim Colonel Reed zu Moutfert am Paschtoueschhaus opgedaucht ass, war den amerikanesche Krichsfotograf Tony Vaccaro, deen e puer historesch Biller am Zweete Weltkrich geschoss huet. Och vu Moutfert gëtt et vun him déi eng oder aner Foto aus dem Joer 1944/45. Nom Krich war hien e bekannte Moude- a Lifestyle-Fotograf a renomméierte Magazinen an den USA. Am Dezember 2022, e puer Deeg no sengem 100. Gebuertsdag, ass den Tony Vaccaro, deen eigentlech 1943 als einfachen Zaldot agezu gouf an Hobbyfotograf war, doheem zu Long Island City gestuerwen.

Comité Oeuvres Paroissiales Contern Walburga a.s.b.l. :
(vu lénks no riets)
Eugène Medinger, President, Serge Reiland, Sekretär, Eric Eifes, Vizepresident, Roby Muller, Tresorier, Roland Fürpass, Projetkoordinator
Comité Oeuvres Paroissiales Contern Walburga a.s.b.l. : (vu lénks no riets) Eugène Medinger, President, Serge Reiland, Sekretär, Eric Eifes, Vizepresident, Roby Muller, Tresorier, Roland Fürpass, Projetkoordinator